Servicer

Wei kann eise Klubb seng Bréiwer méi bëlleg verschécken?

 

D’Jugendklibb a Jeunessen déi am Daachverband Member si kennen dem Daachverband säin ATR Poststempel mat benotzen an esou hier Post méi bëlleg verschécken. Dir kennt dëse Stempel iwwer info@daachverband.lu ufroen.

OPGEPASST: Enveloppë mat ATR Stempel dierfen net zougepecht sinn!


Wei kann ech d’Adressen vun all de Klibb am Land kréien?

 


D´Membersklibb kennen beim Daachverband färdeg ausgeprinten Etiketten mat den Adresen vun allen Jugendklibb ufroen. Maacht eng E-Mail mat Ärer kompletter Postadresse un info@daachverband.lu a mir schécken iech Adressen erausgeprint per Post oder per Mail.


Wat maachen wann um Bal eppes mat engem Kontrakt schif leeft an et haart op haart kennt?

 

Dir kennt eis bäi all Problemer oder Froe kontaktéieren. Mir bidden iech eis Hëllef un a kennen iech och direkt un déi richteg Ulafstelle weiderleeden:

Ordre des avocats de Luxembourg
(„Daachverband vun den Affekoten/innen“)
36, Marché aux Herbes
L-1728 Luxembourg
Tel.: 22 48 50 oder 46 72 72

Justice de Paix de Diekirch
Service d’accueil et d’information juridique
(bei der aller Kierch)
BP.66
L- 9201 Diekirch
Tel.: 80 23 15

Palais de Justice Luxembourg
Cour Supérieure de Justice
Chambre de la jeunesse
12, Côte d’Eich
L-1450 Luxembourg
Tel. : 475 981 211

Parquet du Tribunal de Diekirch
Palais de Justice Diekirch
(etat civil, véhicules saisis, faillites, factures)
Tel. : 80 32 14 44


OPGEPASST: Fir dass kee perséinlech haftbar gemaach gëtt, muss de Veräin eng ASBL sinn. Wei dat geet fir eng ASBL ze grënne fannt dir bäi INFO.